Schoulbusbegleeder 2026-2027 (m/w/d)

Référence ADEM 800391

Als eng vun de féierende Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 2.300 Mataarbechter.

Fir d'Schoulrentrée 2026-2027 siche mir Schoulbusbegleeder (m/w/d) fir a verschidde Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vu Canach mam Schoulbus matzefueren.

D‘Plaz

• Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat

• Dir suergt fir e stressfräien a séchere Schoulwee mam Bus

• Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus

• Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bléift Äre Profil

• Dir sidd pünktlech, verantwortungsbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen

• Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch

• Dir sidd à même en eventuellt ondisziplinéiert Verhale vun de Kanner fréizäiteg z'erkennen an entspriechend roueg ze handelen

• Dir wunnt idealerweis an der Géigend vun eiser Entreprise.

• Dir hutt de B-Führerschäin, en eegenen Auto a kennt Iech zu Lëtzebuerg aus.

Eis Offer

• Eng interessant Plaz an enger dynamescher Entreprise, déi weider um Wuessen ass

• E Kontrakt CDD fir 20 Stonnen d'Woch

• Aarbechtsplaz: Canach

Dernière modification le