Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wungrupp Haus 4 zu Miersch - CDD 100%

ADEM-Referenz 779249

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt

een Educateur diplômé an

fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Maison 4" zu Miersch

CDD deelzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen

Är Aufgaben:

Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung

Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen

Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen

Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner

Äre Profil:

Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“

Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen Führerschäin (B)

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel

Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg

Mir bidden:

Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (Maximum C4)

Sympass Kaart.

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

Motivatiounsbréif

Liewenslaf mat Foto

Kopie vum Diplom

Autorisation d'excercer

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Zum letzten Mal aktualisiert am